Ären Input ass gefrot!
Eng Rei Enseignanten a Membere vum edukative Personal hunn den SEW/OGBL kontaktéiert a vu Problemer mat Gewalt an de Schoulen bericht. Dat geet vu verbalen Ugrëff iwwert net fondéiert Virwërf bis zu kierperlecher Gewalt
Mir huelen d’Suerge vun de Leit um Terrain ganz eescht a mir brauchen dowéinst ee geneet Bild, dat méiglechst repräsentativ ass, fir eis Fuerderungen ze ënnermaueren.
D‘Zil vun dëser Ëmfro ass et sichtbar ze maachen, wéi dacks an ënnert welche Forme Gewalt an der Schoul virkënnt, wat d’Konsequenze sinn a wat fir eng Schutz- an Ënnerstëtzungsmoossnamen en place sinn. Mir wëllen och wëssen, ob dës Virfäll systematesch erfaasst an eescht geholl ginn, a wéi dorop reagéiert gëtt. An Ären Äntwerten sollt Dir Iech op déi lescht 12 Méint bezéien.
D’Ekipp vum SEW/OGBL wäert duerno d’Äntwerten aus .
Är perséinlech Informatiounen ginn natierlech vertraulech behandelt, net weidergeleet an net publizéiert. Mir erënneren Iech drun, dass bei Situatiounsbeschreiwungen keng Nimm vu Schüler.innen, Elteren oder soss Acteuren dierfe genannt ginn.
Bei de Froen mat Rondelen virun der Äntwert kënnt Dir just eng Äntwert auswielen, bei deene mat Rechtecker sinn e puer Äntwerte méiglech.
Dir braucht ongeféier 10 bis 15 Minutte fir de Questionnaire auszefëllen.
Mir soen Iech Merci fir d‘Matmaachen!